An hei?!Waasserball: All 30 Sekonnen ee Goal

Schonn no 2 Minutte louch d'Géigenequipe 5-0 vir...

Leschten Update: 15.07.2019, 10:16:11

© Pexels

Net schlecht gestaunt huet déi Südkoreanesch Waasserball-Equipe nodeems hier Géigner aus Ungarn all 30 Sekonnen ee Goal geschoss hunn. Bis ewell ass dëst déi héchst Victoire an der Geschicht vun de Weltmeeschterschaften. Déi ungaresch Equipe, déi well zwee mol Weltmeeschter ginn ass, huet an der WM-Virronn am Schnëtt zwee Goaler pro Minutt geschoss. Schonn no 2 Minutte louch de südkoreanesche "Gastgeber" 0:5 hannen.  Deemno huet Ungarn de Match mat 64:0 fir sech entscheet. Déi südkoreanesch Equipe hat nëmmen eng Kéier d‘Chance de Ball bis bei de Goal vum Géigner ze bréngen. D‘Spillerinne konnten och am ganzen nëmmen 3 Bäll vun der ungarescher Equipe ofwieren.

Déi héich Victoire vun den Ungaren huet wuel och domat ze dinn, dass déi südkoreanesch Equipe eréischt virun engem Mount zesumme gestalt ginn ass. Deemno sinn och all d‘Spillerinnen, mat Ausnam vun hirer Kapitänin,  am Joer 2000 oder méi spéit gebuer. Et handelt sech also nach em eng relativ jonk Equipe, déi sech dësem och bewosst ass. Fir si war et eng Éier géint déi Ungaresch Spillerinnen unzetrieden.