An hei?!Dëse Restaurant verkeeft de Rand vun der Pizza

Déi eng loossen e fort fir net ze séier sat ze ginn, déi aner iessen en am léifsten: De Bord.

Leschten Update: 15.07.2019, 14:02:19

© Unsplash

Wien u Pizza denkt, denkt automatesch u Kéis, leckere Belag, Tomatenzooss a säftege Buedem, deen net ze déck an net ze dënn dierf sinn. Mee un de Rand, denke wuel déi Mannst. Net ëmsoss bleift genee deen dacks leien, well een doduerch ze séier sat gëtt, en ze haart oder heiansdo och ze dreschen ass.

Ma d'Pizzeria "Villa Italien Kitchen" an den USA, huet sech dëser Iddi awer elo ugeholl a wëll de Rand nees zu enger Delikatess maachen. Op Instagram huet d'Fast Food-Chaîne annoncéiert, datt den "Just The Crust"-Menü vum 18. Juli un ze kréien ass.



Ob de Rand doduerch dann elo méi beléift gëtt, bleift ofzewaarden.