An hei?!Master a Cannabiswëssenschaften

Op der Universitéit vu Maryland kann ee sech elo an d'Theorie a Praktike vum Marihuana aféiere loossen.

16.07.2019, 07:01:49

© Pexels

An den USA ass Cannabis aktuell an 10 Bundesstaaten legal an a weidere Bundesstaaten entkriminaliséiert. Universitéite passen sech dësem Changement un a kreéieren elo Studiëgäng fir Fachpersonal an der Gras-Branche ausbilden ze loossen.

D'University of Maryland ass dann elo eng vun den éischten Unien, déi e Master of Science a medezinesche Cannabiswëssenschaft an Therapeutika ubitt. Dëst fir de Studenten den Ëmgang mat Patienten an der medezinescher Cannabisindustrie méi no ze bréngen an d'Fuerschung an deem Beräich weider ze bréngen.

Kléngt plausibel, ma d'Eltere wäerte bestëmmt net schlecht staune wann een hinnen annoncéiert, datt een d'Thema Gras studéiere wëll...