An hei?!Pokémon-Kaart vu 60.000 Dollar an der Post verluer

Eng vun den deierste Sammelkaarte gouf verschéckt an ass verluere gaangen. Elo wénkt jidderengem deen hëllefe kann eng Belounung.

Leschten Update: 15.07.2019, 17:12:05

© Unsplash

Et gi Pokémon-Kaarten, déi extrem seelen an deementspriechend och wäertvoll sinn. Esou och d'Kaart mam Numm "Trainer No. 3", déi 1999 beim "Secret Super Battle" a Japan un deen iwwerreecht gouf, deen déi 3. Plaz gemaach huet. An dës Kaart sollt elo fir 60.000 Euro de Besëtzer wiesselen.

De Verkeefer aus den USA huet se via eBay un de Sammler aus Iwwerséi geschéckt. Ukomm ass se allerdéngs bis haut nach net, iergendeppes ass nämlech schif gelaf an d'Kart ass ënnerwee verluere gaangen. D'Spur hält beim "Global Shipping Program"-Zentrum zu New York op. Natierlech war d'Kart verséchert, allerdéngs louch den héchste Versécherungswäert bei dëser Art vu Versand bei "nëmmen" 50.000 US-Dollar. Wat ëmmer nach 10.000$ Verloscht bedeit.

Sollt d'Kart tatsächlech geklaut gi sinn, bréngt dat just leidenschaftleche Sammler eppes. Wien nämlech probéiert dës an der community ze verkafen oder engem anere se och nëmme weist, flitt zimlech sécher, zimlech séier domat op: Dat well d'Kaart esou seelen ass.

Wien eppes wees oder ee kennt, deen ee kennt... soll sech bei der Sich engagéieren, dëst gëtt ëmmerhin nach belount: De YouTuber smpratte bitt 1000 US-Dollar fir jiddereen deen en (hëllefräichen) Tipp huet fir d'Kart erëmzefannen.