An hei?!Police warnt virun Alligatoren am Drogerausch

D'Police vun Tennessee bitt Bierger dorëms Drogen a Medikamenter net an d'Toilette ze geheien. D'Angscht: "Meth Gators".

Leschten Update: 16.07.2019, 15:56:33

© Pexels

Drogen-Réckstänn am Ofwaasser kënnen Alligatoren an aner Déieren a Rauschzoustänn versetzen, do virdrun huet d'Police am US-Bundesstaat Tennessee gewarnt. An engem Post op de sozialen Netzwierker huet d'Loretto Police Departement d'Leit dowéinst opgeruff hir Drogen net d'Toilette erof ze spullen.

"Inten, Gänsen an aner Villercher hale sech reegelméisseg bei de Kläranlage op, a mir wëlle guer net wësse wat geschitt wann dës op Meth sinn", esou d'Beamten. Géif d'Waasser da weider bis bei de Floss Shoal Creek fléissen, kéinten och d'Alligatore mat den Drogen-Réckstänn a Beréierung kommen.

D'Ofwaasser-Büroe géifen zwar Wäert drop leeën, datt proppert Waasser vum der Kläranlag an d'Flëss lafen mee op Droge wéi Meth wäre se net virbereet. Also wann ee schonn Drogen oder Medikamenter zou sech hëlt da sollt een déi léiwer op de Policebüro bréngen.