An hei?!Dësch um Smart transportéiert

Wat net passt, gëtt passend gemaach...

Leschten Update: 16.07.2019, 16:05:13

© Twitter Screenshot

Wien e klengen Auto huet, kennt de Problem vum Transportéieren. Virun allem mat engem Smart ass ee begrenzt a sengen Akeef. Ma e Mann an Däitschland huet sech vu sengem Gefier net aschränke gelooss an huet trotzdeem en Dësch kaf, an dësen, net an, mee op dem Auto matgeholl.

De 66-Järegen huet d'Miwwelstéck just mat Hëllef vu senger Hand, déi hien duerch d'Säitefënster erausgestreckt hat, ugehalen. Aus der Mall hunn dann och nach zwou Schafendieren erausgekuckt, den Highlight war awer ganz kloer den Dësch um Daach, dee just mat der eegener Hand ofgeséchert war.

De Chauffer war eleng ënnerwee a sech kenger Schold bewosst: "Wéi soll ech et da soss maachen", soll hien d'Police gefrot hunn. Eng Äntwert dorop haten se zwar net an dowéinst ass den Dësch ofgeluede ginn an eng Strof gouf et och nach.