An hei?!Pornoe streame produzéiert esou vill CO2 wéi d'Belsch eleng

Op Online-Pornoe verzichte fir d'Klima ze retten? Kléngt skurril géif den ökologesche Foussofdrock awer tatsächlech reduzéieren!

Leschten Update: 17.07.2019, 12:03:00

© Pexels

D'Resultater aus enger franséischer Etüd  erginn, datt pro Joer méi wéi 300 Milliounen Tonnen CO2 duerch d'Streame vun Online Videoe produzéiert ginn. Dat ass gläichzestelle mat den Treibhausgasemissioune vu Spuenien oder engem Prozent vun de globalen Emissiounen. Video-On-Demand-Déngschter wéi Netflix oder Hulu produzéieren dovu ronn een Drëttel, oder och ëm déi 34 Prozent.

Mat ronn 27 Prozent geet méi wéi ee Véierel dann op de Kontro vun Online-Pornoen, an dat entsprécht ongeféier dem CO2-Ausstouss vun engem Joer vun der ganzer Belsch, Bangladesh oder Nigeria, esou d'Wëssenschaftzeitung "New Scientist". Video-Plattformen, wéi YouTube maachen 21 Prozent dovun aus, an aner Online-Videoen a sozialen Netzwierker weider 18 Prozent.

D'Zuele bezéie sech iwwerdeems op d'Joer 2018 a Fuerscher ginn dovun aus, datt sech dës mam Fortschrëtt vun den digitalen Technologië just nach steigere wäerten. Och Streaming-Déngschter fir Computerspiller kéinten den CO2-Ausstouss erhéijen.

Wie sech elo freet wéi dat iwwerhaapt méiglech ass, muss de Grond bei de Geräter an dem Stroum sichen. Fir d'Streame vu Videoe brauch een nämlech verschidde Komponente wéi Computer, Tëlee, Smartphone oder Tablet. Da kommen nach Server, Kabel, Antennen an natierlech de Stroum dobäi: Wat de Verbraucht an d'Nofro méi héich ass, wat och den CO2-Ausstouss klëmmt.

Ganz ophale mat streamen, sief dat Serien, Pornoen oder aner Videoen, muss een zwar net, trotzdeem kann een och hei dozou bäidroen, datt manner CO2 ausgestouss gëtt. Dozou gehéiert d'Funktioun vum AutoPlay ze stoppen an de Verzicht op méiglechst héichopléisend Qualitéite vu Videoen. Eenzelpersoune kënnen ausserdeem op onnéideg Upgrades, ze vill Geräter oder qualitativ Internetverbindunge verzichten.