An hei?!Zwee Pinguine goufe festgeholl

Zu Wellington hat d'Police en ongewéinlechen Asaz fir zwee "Strummerten", déi ënnert enger mobiller Sushi-Bar gelungert hunn, anzefänken.

Leschten Update: 17.07.2019, 16:43:08

© Pexels

An Neiséiland gouf d'Police geruff nodeems e komesche Geroch bei enger mobiller Sushi-Bar opkomm ass. De Grond: Zwee Zwergpinguinen hate sech et ënnert dem Foodtruck gemittlech gemaach.

Wéi d'Police seet war ee vun den Déiere schonn de Samschden um 20:04 op enger Strooss an der Géigend vum Sushi-Shop erbléckt ginn. D'Beamte waren also erausgefuer an hunn de Pinguin an der Géigend vum Hafe fräigelooss. Him hat et anscheinend awer ze gutt do gefall, wou en agesammelt gouf an en ass zréckkomm, mat Ënnerstëtzung.

An de freie Moiesstonne leschte Mound gouf de Pinguin mat enger Aartgenossin an der Géigend vun der Gare gesinn. "Déi watschelnd Strummerten", wéi et am Police-Bericht heescht hu sech doropshin ënnert de Lëftungsgitter vun engem Foodtruck mam Numm "Suhi Bi" néiergelooss.

Hiert Verstopp ass awer opgeflunn nodeems e Mataarbechter e komesche Geroch a Geräischer bemierkt huet.  Mat Hëllef vun der Police, dem "Department of Conservation" an dem Wellington Zoo konnten d'Pinguinen, déi vun Zeien als kleng a blo identifizéiert goufen, agefaangen an um Hafen ausgesetzt ginn. Dat huet se awer net dru gehënnert schonn erëm auszebéchsen, nees agespaart an och nees fräigelooss ze ginn.


Den Terrain ronderëm d'Gare an de Foodtruck gëtt elo am A gehalen, d'Wahrscheinlechkeet datt déi zwee ongewéinlech Strummerten nees zeréckkommen ass nämlech zimlech grouss.