An hei?!Roboter-Staubsauger verdeelt Hondsexkrementer am Haus

Wat passéiert wann een e jonken Hond an e Roboter-Staubsauger eleng doheem léisst? D'Besëtzer hätten et léiwer net erausfonnt...

Leschten Update: 18.07.2019, 09:14:06

© Pexels

"Mäin neie Roomba ass iwwert de Koup vu mengem Hond gefuer an huet dunn de Recht vu mengem Haus "gebotzt" . Ech wäert eng Therapie brauchen", esou beschreift de Ryan Landy de Virfall op Facebook. De Mann aus Florida hat nämlech säin Hond, deen nach net erzunn ass, zesumme mam Roboter-Staubsauger doheem gelooss, e Feeler, wéi sech séier erausgestallt huet.


Den Hond mam Numm Apollo, vum Landy och mol "Kackert" genannt, ass nämlech eréischt viru kuerzem gerett ginn a wär nach net stubenrein. Dowéinst sinn d'Dieren am Haus normalerweis och zou wann de Roboter am Gaang ass ze botzen. Ma och wann den Apollo nach an d'Haus mécht, Dieren opmaachen, dat huet e scho geléiert. An esou war d'Katastroph virprogramméiert: Den Hond hat an d'Wunneng gekackt an de Staubsauger ass driwwer gefuer an huet de ganze Misär am Haus verdeelt. De Roboter ass versch***, ma och am Haus huet e wuertwiertlech seng Spuren hannerlooss...