An hei?!"Baby Shark" op Repeat fir Sans-Abrien ze verdreiwen

Beamte vum West Palm Beach hu sech eppes Neies afale gelooss fir Sans-Abrien dovun ofzehalen am Park ze schlofen.

Leschten Update: 19.07.2019, 11:21:29

© Pexels

D'Zuel vu Leit, déi sech nuets beim Pavillon am West Palm Beach ophalen klëmmt ëmmer méi an d'Versich vun der Stad Leit ouni Daach iwwert dem Kapp aus dem Park ze hale sinn onzieleg: Stacheldrot, Ofspärungen an Zeltverbuet. Bis elo huet awer nach näischt gehollef. Elo hunn d'Beamte sech dann eppes méi Ongewéinleches afale gelooss: D'Kannerlidd "Baby Shark" an Dauerschleife.

Beim Song handelt et sech em ee bekannte Kannerlidd an en zimlech nervegen Ouerwuerm, deen elo dann eben nuets ëmmer an ëmmer erëm beim Pavillon gespillt gëtt. Nieft "Baby Shark" setzt ee fir e bëssen Ofwiesslung awer nach op e weideren Hit mam Numm "Raining Tacos".

Esou kléngt "Baby Shark"


D'Taktik erënnert un déi onangenehm Musek mat deem amerikanesch Zaldoten Gefaangener am Krich géint den Irak an Afghanistan gequäält hunn. Ma hei wëll een d'Sans-Abrien net quälen mee se vill méi dovun ofhalen dass se sech iwwerhaapt am Park versammelen. An enger Erklärung verréit d'Stad awer, datt dës Moossnam just eng Iwwergangs-Léisung wier. Ausserdeem géif et just dorëms goen de Park propper ze halen: D'Leit ouni doheem géifen encouragéiert ginn, déi Ulafplazen ze notzen, déi fir si virgesi wieren.