An hei?!Passagéier léist Bommenalarm aus fir Date mat Stewardess

E Serb huet e Samschdeg um Fluchhafen zu Belgrad e Bommenalarm ausgeléist, fir en Date mat der Stewardess ze erzwéngen.

Leschten Update: 21.07.2019, 08:56:34

© Lukasbieri / Pixabay

E Serb huet e Samschdeg um Fluchhafen zu Belgrad e Bommenalarm ausgeléist, dat fir en Treffe mat enger Stewardess ze erzwéngen. Wéi et vu lokale Medien heescht, hätt de 64-Järegen d'Lufthansa-Stewardess wëlle erëmgesinn. Well hie si awer e Mëttwoch net am Hotel fonnt huet, wier hien op d'Iddie mam Bommenalarm komm. Hien hätt um Fluchhafen ugeruff an eng Bommemenace ugekënnegt, an der Hoffnung, datt d'Stewardess dann nach géif méi laang an der Stad bleiwen. 

Déi 130 Passagéier an d'Crew vum Fluch goufen nom Alarm a Sécherheet bruecht. No e puer Stonne war de Mann ënnersicht, hie koum an Untersuchungshaft.