An hei?!Bei rout iwwert d'Strooss: Bouf klaapt bei der Police

Wat mécht ee wann de Papp sech net un de Code de la Route hält? Et rifft ee beim 110 un a besteet drop, datt se en aspären.

Leschten Update: 06.08.2019, 09:55:22

© Pexels

An der Asazzentral vum Policebüro vun Unterfranken ass en éischter ongewéinlechen Uruff agaangen. Ufanks war eng Kannerstëmm ze héieren, dunn ass agehaange ginn. De Beamten huet natierlech direkt zréckgeruff. Doropshin huet de Papp opgehuewen a sech entschëllegt, datt säi Bouf den Noutruff gewielt huet, huet den Telefon awer dunn u säi Jong weiderginn, datt deen d'Situatioun opkläre kéint.

De 5 Joer ale Bouf huet dunn erzielt, datt säi Papp direkt zwee Mol iwwert eng rout Luucht gefuer wier an d'Police hien dowéinst aspäre sollt. Nodeems d'Beamten de Jong berouegt hunn, huet d'Kand dunn awer net méi drop bestanen, datt d'Police en Auto misst laanschtschécke fir de Papp matzehuelen.