An hei?!87-Järege vun der Reesgrupp vergiess

Nodeems de Mann sech bei der Police gemellt huet, hunn d'Beamten de Shuttle-Déngscht iwwerholl an hien erëm mat senge Senioren-Frënn vereent.

Leschten Update: 07.08.2019, 17:06:32

© Unsplash

Zu Hildesheim an Däitschland gouf e 87-Joer ale Mann vu senger Reesgrupp vergiess. No enger klenger Paus an der Stad sinn dës einfach weidergefuer ouni de Mann, deen net onmëttelbar beim Bus stoung, weidergefuer, ouni hien. De 87-Järegen wousst sech net anescht ze hëllefen, wéi sech bei der Police ze mellen. Kuerzerhand hunn dës hir Kollege vun der Autobunn ugeruff, déi doropshin e klenge Shuttle-Déngscht organiséiert hunn. Wuelverstanen am Policeauto.

De Mann gouf also bequem vum Policebüro ofgeholl an zesumme si se dem Bus nogefuer. D'Feele vum Mann gouf mëttlerweil och am Bus selwer festgestallt, wouropshin de Chauffeur d'Police alarméiert huet. Op enger Tankstell 50 Kilometer hannert Hildesheim gouf dunn en Treffpunkt ausgemaach an de Pensionär, deen d'Rondrees mat senger Fra ugetruede war, gouf vun der Police ofgeliwwert a vun der Reesgrupp empfaangen.



Dat nennt een dach emol frëndlech an hëllefsbereet Polizisten.