An hei?!Spuenesch Police kontrolléiert Autosfuerer mat Dronen

Verkéiersdelikter sinn esou nach méi einfach ze protokolléieren.

Leschten Update: 08.08.2019, 13:39:50

© Pexels

A Spuenien kann een net nëmmen e Protokoll vu Polizisten oder wéinst Radare kréien, se kënnen och vun uewe kommen: Fir genee ze sinn vun Dronen déi iwwer d'kanaresch Insele fléien. Mat dëse kënnen d'Beamten ënnert anerem erkennen ob d'Autofuerer um Stéier den Handy benotzen, net ugestréckt sinn oder sech ähnlech Verkéiersdelikter zu Scholde komme loossen.

Vitesse Kontrolle kënne se domat nach net maachen a bis elo gëtt et de Pilotprojet och just op de Kanaren, ma deemnächst soll ganz Spuenien vun dësen Dronen-Kontrolle profitéiere kënnen.