An hei?!Verlobungsrank um Auder vun der Kou

D'Fro vun all de Froe soll jo eenzegaarteg sinn...oder?!

Leschten Update: 08.08.2019, 10:05:13

© Twitter Screenshot

D'Verlobung vun engem Bauer huet am Netz fir Eekel an Onverständnis gesuergt. De Mann hat sech fir dëse Moment eppes ganz Aussergewéinleches afale gelooss an de Rank um Auder vun der Kou placéiert.

De romantesche Geste ass awer net bei jidderengem gutt ukomm. Eng Fra aus Singapur huet d'Foto via Facebook gedeelt a mam "Ring Shaming" ugefaangen. Séier hunn d'Kommentare sech gesammelt, vun irritéiert bis schockéiert war hei vun Allem dobäi.

Wéi een op esou eng Iddi kënnt a wien déi concernéiert Koppel ass, dat ass net gewosst. Genee esou wéineg wéi d'Äntwert op d'Fro ob een dës Situatioun dann elo als Nippel-Rank bezeechne kéint...