An hei?!Alkoholiséierte reit op enger Giraff

A Kasachstan gi wuel aner Transportmëttel genotzt...

Leschten Update: 09.08.2019, 10:50:01

© Pexels

De gesonde Mënscheverstand sollt de Visiteure vum Zoo wuel soen, datt iwwert en Zonk ze klamme fir bei déi wëll Déieren ze kommen net déi cleversten Iddi ass. Datt een net op den Déiere reide soll, dat kritt ee villäicht net esou dacks gesot, mee ganz éierlech wie géif schonn op esou eng skurril Iddi kommen?!

Ma e jonke Mann aus Kasachstan hat net nëmmen d'Iddi, hien huet se och kuerzerhand ausgefouert. Nodeems hien iwwert en 3 Meter héijen Zonk geklotert ass fir an d'Giraffen-Zon ze kommen, huet hie probéiert op esou enger ze reiden.

Medieberichten no, soll de Visiteur nach alkoholiséiert gewiescht sinn. D'Déier huet dat anscheinend och net esou mega fonnt an huet probéiert de Reider erofzegeheien. Ufanks konnt e sech nach festklammeren, ma kuerz drop huet en d'Gläichgewiicht verluer an erofgefall. Ma och nodeems en op de Kapp gefall ass oder grad dowéinst, huet hien et nach emol probéiert. Hie war awer net de beschte Giraffen-Reider, och den zweete Versuch ass donieft gaangen. Ouni Blessuren ass de Mann nees op di aner Säit vum Zonk geklotert an huet sech dovu gemaach.

Kuckt Iech hei de Video un!

Déiereschützer hunn dës Aktioun guer net witzeg fonnt an eng Petitioun gestart, déi fuerdert, datt d'Giraffen aus dem kasacheschen Zoo an d'Fräiheet entlooss ginn. Ausserdeem gouf d'Sécherheetspersonal kritiséiert. D'Zil vun de 70.000 Ënnerschrëften hu se iwwregens scho bal erreecht.

Beim Mann kann ee just hoffen, datt en am niichteren Zoustand gemierkt huet wéi geféierlech (an däämlech) seng Aktioun war. Net dass en als nächst nach mengt op engem Léif reiden ze mussen...