An hei?!Serien-Partnerschafts-Vertrag

Wien ouni deen anere weider kuckt brécht de Vertrag!!!

Leschten Update: 12.08.2019, 10:27:33

© Pexels

Eng Bezéiung ass schéin hu se gesot. Eng Bezéiung mécht Spaass. Ma datt een dann ëmmer op de Partner muss waarde fir Serie weider ze kucken, mat där Problematik rechnen déi mannst wa se sech verléiwen... 

Ma wien an enger Bezéiung ass a gäre Serien a Filmer mam Partner kuckt, dee stéisst no kuerz oder laang op genee dës a weider "Netflix-Streidegkeeten". Sief et, dass de Partner ëmmer direkt no 5 Minutten aschléift, de Mond net hale kann oder eben den absolut schlëmmste Fall vu Verrot begeet an d'Serie ouni de Frënd oder d'Frëndin weider kuckt.

Genee fir dës a weider Sträitpunkte wëll de Streaming-Gigant Netflix elo mat Hëllef vun engem "Serien-Partnerschafts-Vertrag"  eng Léisung fonnt hunn. Hei ënnerschreiwe béid Partner allgemeng Bedéngungen, déi op d "netflixen" bezu sinn.



Natierlech ass dat ganzt e rénge PR-Gag, ma kuckt ee sech d'Kommentaren an d'Unzuel vun de Likes un, kann een dovun ausgoen, datt vill Persoune sech domat identifizéiere kënnen.