An hei?!Instagram-Account weist verzweiwelt Männer

"Miserable Men", oder och: Männer déi mussen op hir Frae waarden...

Leschten Update: 18.08.2019, 19:22:06

© Pexels

Den Instagram Account @miserable_men stellt bildlech duer, wat vill Männer nëmmen all ze gutt aus dem Alldag kennen an haassen. An och wann e Mann dës Situatioun net sollt kennen, kann e bei dësen häerzzerräissende Posts sécherlech no empfannen, wéi ee sech muss fillen, wann ee mat der Schwëster, der Frëndin oder der Mamm shoppe geet: Miserabel.


Hallef um Schlofen, verdéift an de Smartphone oder einfach fierchterlech gelangweilt. Esou gesinn d'Männer op de Fotoen aus, déi den Account dagdeeglech mat senge Follower deelt. An dësen "fuerchtbaren" Ubléck schéngt bei den Abonnente gutt unzekommen, iwwer 1.400 Posts an 346.000 Follower zielt den Instagramprofil mëttlerweil.




View this post on Instagram

Waiting patiently? Or crying himself to sleep?

A post shared by Miserable Men™️ (@miserable_men) on