An hei?!Falsch Polizistin schafft jorelaang zu Berlin

D'Fra war der Police zwar bekannt, huet awer jorelaang Asätz a Patrulle matgemaach an och scho Leit kontrolléiert. Elo gouf si festgeholl.

Leschten Update: 13.08.2019, 23:05:24

© Pixabay

Zu Berlin huet jorelaang eng Polizistin geschafft, déi u sech guer keng ass. Engem Rapport vun der „Berliner Zeitung“ no hätt d'Fra Asätz matgemaach, Leit kontrolléiert a festgehalen a wier och mat Patrullen ënnerwee gewiescht.

Si wier dowéinst schonn e puer Mol opgefall gewiescht a wier an der Vergaangenheet scho veruerteelt ginn, dat ënner anerem wéinst Drogebesëtz a well si sech als falsch Polizistin ausginn hat.

D'Ausrëschtung, d'selwecht wéi d'Uniform a soss all d'Accessoiren hätt si echte Polizisten ofkaaft, esou d'Fra. Elo gouf déi 22-Järeg festgeholl.

Si géif an Zukunft dorop verzichten sech als falsch Polizistin auszeginn.