An hei?!Eng duerchsichteg Schwammbox fir Männer

Fir méi Transparenz an de Piscinnen...

Leschten Update: 14.08.2019, 10:07:58

© Twitter Screenshot

Transparent ass in. Net nëmmen a Punkto Politik, och an der Moud. Ob duerchsichteg Prabbelien, Schong oder Poschen - Et gëtt näischt wat net transparent gemaach gëtt. Och Saache vun deenen ee géif mengen, datt se explizit dofir do si gewësse Kierperdeeler ze verdecken. Esou zum Beispill Schwammboxen.

Dat amerikanescht Moudelabel "Maverick Swimmwear" huet esou e Modell op de Marché bruecht, bei där all Client selwer eraussiche kann ob een dann elo komplett blank zitt oder nach eng eege Schwammbox drënner undeet. D'Aart a Weis wéi een déi sougenannten "Berlin Transparent Waterproof Beach Shorts" undeet ass also jidderengem selwer iwwerlooss, d'Méiglechkeet ze weise wat een huet, awer deemno och.



De Plastik-Spaass kascht 23 Dollar (also ëm déi 21 Euro) a léist bei verschiddene Leit Onverständnes aus. D'Fro, ob een dann net besser hätt einfach just an Ënnerwäsch erauszegoen, ass opkomm, genee esou wéi d'Kritik um Plastikkonsum, deen duerch esou lächerlech Erfindunge gesteigert gëtt.

Eppes ass awer sécher, wie mat dëser Schwammbox un de Pool geet, zitt alleguerten d'Blécker op sech...