An hei?!Long kollabéiert wéinst ze vill Karaoke

A China huet sech e Mann bis an d'Klinik gesongen...

16.08.2019, 09:05:56

© Pexels

Et gi Leit, déi liewen et an et ginn där, déi drécke sech op all Party do virdrun. Ok da ginn et och nach déi, déi menge se géifen et haassen a spéitstens no 4 Drinks sinn et déi éischt, déi hannert dem Mikro stinn. Op alle Fall léisst sech net ofstreiden, datt Karaoke bei Partyen immens beléift sinn a fir Stëmmung suergen.

E Mann a China huet de Spaass allerdéngs e bëssen ze eescht geholl an dowéinst seng Gesondheet op d'Spill gesat- No ongeféiert 10 zimlech héije Songs huet hien ugefaange Péng a senger Broscht ze spieren, esou de 65 Joer ale Mann aus der Provënz Jiangxi. Wéi hien erzielt wier hien immens opgereegt gewiescht an hätt an der Begeeschterung direkt e puer Lidder mat relativ héijen Téin gesongen, bis hien op eemol Schwieregkeete krut Loft ze huelen.

Ufanks hätt en d'Péng einfach ignoréiert a wier heemgaangen mee do wär et just nach méi schlëmm ginn wouropshin e sech an der Klinik ënnersiche gelooss huet. Do huet een dem Mann misse matdeelen, datt ee vu senge Longeflilleke kollabéiert wier. Den Ausléiser: D'Sange vun deenen héijen Téin hätten ze vill Drock op d'Long ausgeüübt an dowéinst ass dës ganz einfach kollabéiert. Wat elo skurril klengt wär awer näischt Aussergewéinleches bei Männer am mëttleren Alter, se sollten ebe just net méi wéi 2 Stonnen um Stéck sangen.

Fazit: Wann der déi nächste Kéier nach no enger gudder Excuse sicht fir net musse matzesangen, sot einfach, datt är Gesondheet virgeet.