An hei?!Verkéiersraudi hannerléisst frech Noriicht!

E Chauffer zu Mainz war sou culottéiert, datt en - nodeems hien en Auto demoléiert huet - net just geflücht, mee souguer e freche Message hannerlooss huet.

15.08.2019, 06:00:04

© Pexels

Zu Mainz an Däitschland krut e Chauffeur e grousse Schreck, wéi hie moies bei säin Auto komm ass: D'Gefier war voller Schréipsen a gouf demoléiert, ma um Won houng awer och e klengen Ziedel.

De jonke Mann war wuel erliichtert, wéi hien dëse fonnt huet - vläicht war de Schëllegen esou fair an huet seng Telefonsnummer hannerlooss?

Ze fréi gefreet, um Ziedel stoung nämlech alles anescht wéi eng Entschëllegung: "Auto beim Ausluede beschiedegt, Pech gehat!"



De Verkéiersraudi huet dëse Message aplaz eng Entschëllegung wuel méi ubruecht fonnt. Am Moment sicht d’Police nach nom Schëllegen. Him blitt nieft enger Geldstrof oder eng Prisongsstrof vu bis zu 3 Joer, dat wéinst der Fahrerflucht.

Am Abrëll hat een Onbekannte sech zu Mainz de Spaass draus gemaach kleng, frech Ziedelen un all d’Autoen ze verdeelen, déi net gutt ofgestallt goufen.