An hei?!Gemeng sicht Dokter- a lackelt mat Single-Buergermeeschtesch

Eng bayresch Gemeng ass op der Sich no engem Land-Dokter. An hirer Annonce lackelt d'Gemeng mat hirer Single-Buergermeeschtesch.

Leschten Update: 15.08.2019, 10:11:36

© Gemeinde Kollnburg

Déi bayresch Gemeng Kollnburg huet - wéi vill aner Dierfer an Däitschland - e groussen Dokters-Defizit. An der Gemeng gëtt et keen Dokter. Fir deem entgéint ze goen, huet Kollnburg sech eng aussergewéinlech Iddi afale gelooss: An hirer Annonce maache si domat Reklamm, datt een zu Kollnburg "Liewen a schaffe kéint, wou anerer Vakanz maachen". An als "Geheimtipp" gëtt genannt "D'Buergermeeschtesch ass nach net bestuet". 

D'Buergermeeschtesch Josefa Schmid séngt gäre Schlager, leeft am Dirndl duerch d'Stad an ass Single - do dierft et also net méi laang daueren, bis sech en Dokter fënnt.