An hei?!Dramjob fir all "Friends"-Fan

Eng Online-Entreprise bitt engem Fan 1.000 Dollar fir ee 25-Stonnen-Marathon vun der Kultserie "Friends"!

Leschten Update: 16.08.2019, 23:21:55

© YouTube Screenshot

Déi amerikanesch Comedy-Serie “Friends” feiert dëst Joer hire 25. Gebuertsdag. Zu dësem Jubiläum huet sech d’Firma “Frontier Communications” eppes ganz Extraes afale gelooss: Si bitt engem Fan d’Méiglechkeet 25 Stonne laang d’Erfolleg-Serie ze kucken an dobäi och nach 1.000 Dollar ze verdéngen! Bei dësem Dramjob fir all “Friends”-Fans, kritt een och nach ee gratis Netflix-Abo fir ee Joer geschenkt.

De Kandidat muss just déi ganz Session live via Twitter dokumentéieren an e Selfie mat senge richtege Frënn posten. Wat dem Superfan kéint hëllefe fir den Job ze ergatteren, ass schonn een Twitter-Account ze besëtzen an och schonn eng gewëssen Unzuel u Follower ze hunn.

Fir sech unzemelle muss ee bis den 3. September zwou Froen iwwert d'Serie awer och perséinlech Froe beäntweren.