An hei?!Ënnerwäsch méi wéi een Dag undoen?

Et deet een all Dag nei Ënnerwäsch un. Oder net? An den USA ass des Siichtweis op alle Fall nach net esou verbreet...

Leschten Update: 19.08.2019, 14:20:32

© Pexels

"The Greatest Nation on Earth", also dat beschte Land op der Welt. Esou presentéiere sech d’USA gären no baussen. Dat bleift ze diskutéieren.

Wat awer fest steet: dat hygieneschst Land ass Amerika scho mol net. Knapp d’Hallschent vun der Bevëlkerung, 45 Prozent fir genau ze sinn, hunn hier Ënnerwäsch nämlech schonn 2 Deeg oder souguer méi laang ugehat. An haalt iech un, 13 Prozent hunn et eng ganz Woch laang ausgehalen ouni hier Ënnerwäsch ze wiesselen! Méi wéi duebel sou vill Männer wéi Frae si schonn eng Kéier op déi eekleg Iddi komm.

Déi amerikanesch Ënnerwäsch-Mark Tommy John huet zwar net all eenzelen Amerikaner gefrot, déi 2000 Persounen, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn ginn awer en eendeitegt Bild of.

Sou eng Ënneschtbox ass e Paradäis fir eng ganz Partie vu Bakterien. Duerch de Schweess an aner Kierperflëssegkeeten, déi sech an deem Stéck Stoff sammelen, kann et beim Net-Wiesselen zu méi oder manner uergen Infektioune kommen.

Gefrot gouf och wéi laang de Kalzong oder de Slip schonn am Besetz ass. Dass grad en Ënnerwäsch-Produzent dozou oprifft reegelméisseg nei Ënnerwäsch ze kafen ass elo awer keng grouss Iwwerraschung.

Sou pauschal kann een dat souwisou net bewäerten. Een dee méi Ënnerwäsch am Tirang huet, wiesselt och méi dacks duerch, an deet déi eenzel Deeler natierlech méi seelen un wéi een deen nëmmen 3 Boxershorts huet.

Verhalt iech virun allem eppes: Wann dir d’Méiglechkeet hutt är Ënnerwäsch all Dag ze wiesselen, da maacht dat wann ech gelift...



Lauschtert hei de ganze Reportage