An hei?!Minigolf an der Kierch

Déi nei Attraktioun matten an der Kierch soll Kanner dozou begeeschteren an d'Mass ze goen.

Leschten Update: 21.08.2019, 09:50:10

© Youtube Screenshot

An d’Kierch geet ee fir…Richteg: Minigolf ze spillen. Op alle Fall am südenglesche Rochester gëtt genee heimat Reklamm gemaach fir méi jonk Leit an d’Mass ze kréien.

Fir neie Leit de Wee an d’Gotteshaus ze weise gouf also  e Parcours mat 9 Lächer am Haptdeel vun der Kathedral opgebaut. Absolut Highlights sinn hei d’Miniaturbrécken, vun deenen d’Originaler, wéi zum Beispill d’Queen Elizabeth-II-Bréck oder och déi eemoleg réimesch Bréck vu Rochester verschiddene Visiteure bekannt virkomme kéinten. D’Hoffnung ass hei, datt nei Leit sech wärend enger Partie Minigolf deemno  mat de Strukture vun de Brécken ausernee setzen an och gären d’Info-Tafelen niewendru liesen. A wie weess villäicht bléiwen se dann och direkt fir d’Mass do.

D’Iddi kënnt awer net bei jidderengem gutt un, ëmmerhin ass dës Kathedral déi zweeteelst a Groussbritannien. Ausserdeem géif esou eng Aktioun einfach verzweiwelt kléngen a kéint reegelméisseg Visiteure jo stéieren.Do brauch ee sech awer keng Gedanken ze maachen, deeglech Gottesdéngschter wären net betraff. E bësse vum Haaptdeel fort, kéint ee sech weiderhi fir e Gebiet zréckzéien.

Déi ganz Aktioun soll bis den 1. September goen. Ob sech dann elo e puer Leit vum Minigolf-Parcours veriren an de Wee bis virun den Altor fannen, dat bléift ofzewaarden.