An hei?!6 Joer Prisong wéinst 40 Kilo Sand?!

Touriste wollte sech e ganz besonnesche Souvenir aus Sardinien matbréngen, elo kéinten se dofir an de Bing kommen.

Leschten Update: 21.08.2019, 12:30:55

© Pexels

Eng Koppel, déi op Sardinien an der Vakanz war, wollt 40 Kilogramm Sand als Souvenir mat heem bréngen. Hiert Undenken hu se mat Hëllef vu Plastiksfläschen am Auto geschmuggelt. Déi zwee goufen awer erwëscht an doropshi festgeholl. Hinnen drot elo eng Strof tëscht engem a sechs Joer Prisong.



Da gräife mer an Zukunft wuel awer léiwer op de klassesche Magnéit fir un de Frigo zréck...