An hei?!1 Millioun fir de Beweis, datt et Bielefeld NET gëtt

Mat #Bielefeldmillion wëll d'Stad de Verschwierungstheorien en Enn setzen.

Leschten Update: 21.08.2019, 17:54:18

© Pixabay

Viru 25 Joer huet den Informatikstudent Achim Held gesot "Bielefeld gibt es doch gar nicht" also Bielefeld gëtt et net, an dëse Statement huet sech zanterhier wäit iwwert d'Grenze vun der Stad manifestéiert. Den Unhänger vun dësem Witz wëll d'Stad elo eng lescht Chance ginn hir Aussoen ze beweisen, dat mat enger ongewéinlecher Aktioun.

Bis de 4. September kënne Leit Beweiser areechen, datt et Bielefeld guer net gëtt. Wien et fäerdeg bréngt e Beweis virzeleeën, deen d'Stad net widderleeë kann, géif mat enger Millioun Euro belount ginn. De Manager vu Bielefeld Marketing ass sech allerdéngs zu 99.99% sécher sécher, datt all nach esou kreative Beweis net mat der Wourecht mathale kann. Fir de Fall, datt awer een et packe sollt, ass d'Präisgeld juristesch ofgeséchert.

Ouni e valabele Beweis wëll d'Stad sech dann um Enn vun der Deadline vun der Bielefeld-Verschwierung verabschiden, dat an enger offizieller Zeremonie, zesumme mat hirem Schöpfer dem Achim Held.