An hei?!Matrassen, déi fléien

An den USA huet staarke Wand fir eng gréisser "Matrassen-Wanderung" gesuergt...

Leschten Update: 22.08.2019, 10:52:51

© Youtube Screenshot

Fir e witzegt Bild huet an den USA d'Kombinatioun vun engem staarke Wand an e puer Matrasse gesuergt. Zu Denver an engem Park gouf et virun e puer Deeg nämlech en Open Air-Kino mat Matrassen op deene sech d'Visiteure sech et bequem konnte maachen.

De Problem: Et war vill ze vill Wand fir de sougenannten "The Bed Cinema", an esou ass aus dem gemittlechen Owend op der Matrass, e sportlecht Event ginn, bei deem Leit hire Matrassen nogelaf sinn.

De Robb Manes, deen dat skurrilt Erliefnis via Twitter gedeelt huet, huet am Netz vun enger "Matrassen-Wanderung" geschwat, a säi Video ass och direkt viral gaangen.