An hei?!Mann fiert mat E-Scooter op d'Autobunn

Den Navi wollt dat esou...

Leschten Update: 22.08.2019, 11:36:32

© Unsplash

En éischter ongewéinlechen Asaz hat elo d'Kölner Police op der Autobunn 57. Hei war e Mann mat engem Elektro-Scooter ënnerwee, a wéi wann dat net scho geféierlech genuch wier, och nach matten an der Nuecht. Nodeems Zeien de Beamte Bescheed gesot hunn, huet d'Police den 23-Järegen op der Standspur ugehalen.

De Mann aus Dubai huet de Beamten doropshin erkläert, datt et säin Navi war, deen hien op d'Autobunn gefouert hat. Hie sollt der Streck vum "Kreuz Köln-Nord" nofueren, an un dës Uweisungen huet hie sech ebe gehalen...