An hei?!Queen schwätzt onerkannt mat Grupp Touristen

Amerikanesch Touristen hunn d'Queen getraff a si net erkannt. Si hu souguer nogefrot, ob d'Madamm virun hinne géif d'Queen perséinlech kennen!

Leschten Update: 01.09.2019, 10:59:48

© TOBY MELVILLE / POOL / AFP

Eigentlech kennt all Mënsch op der Welt déi englesch Kinnigin. Mä Touristen aus den USA, déi a Schottland op Besuch waren, hu sech mat der Queen ënnerhal - ouni ze mierken, datt et d'Queen ass! 

D'Queen ass den Ament an der Summervakanz an hirem Schlass Balmoral a Schottland. Wéi d'Daily Mail schreift, wier si mat hirem Security-Mann Griffin ënnerwee gewiescht, wéi si engem Grupp vun amerikaneschen Touriste begéint ass. Dës hätte si awer net erëmerkannt. 

Si ass mat den Touristen an d'Gespréich komm. An dës hu gefrot, ob si an der Géigend géif wunnen. Dorop huet d'Queen geäntwert, datt si en Haus an der Géigend hätt. 

D'Touristen hunn doropshi gefrot, ob si och schonn héchstperséinlech eng Kéier d'Queen getraff hätt. D'Queen huet et mat vill Humor geholl a mat engem Geste op hire Begleeder Griffin geäntwert: "Nee, mä dëse Polizist huet si schonn eng Kéier getraff". De Griffin schafft zënter iwwer 30 Joer fir déi britesch Kinneksfamill.