An hei?!Mann hält e ganze Mount ëm d’Hand vu senger Frëndin un

An hatt hat keng Anung dovun...

Leschten Update: 11.09.2019, 10:42:43

© Pexels

Den Edi Okoro wollt, wéi quasi all Partner, dee perfekte Moment erwëschen, fir sech ze verloben. Dee Moment ass dunn awer net esou séier komm wei hie geduecht huet. Hie wollt e ganz besonnesche Moment kreéieren, ma sou eng richteg Iddi hat en net an dofir hat en de Rank zur Sécherheet ëmmer an der Täsch.

Een Owend souzen den Edi a seng Frëndin Cally zesummen an der Stuff, wéi hatt hie bal mam Rang ertappt hat. Ma dat huet dem Mann eng Iddi ginn a vun deem Moment un, huet den Edi ëmmer Fotoe mam Rank a senger Frëndin gemaach. Natierlech ouni, dass hatt eppes dovu matkrut huet. Eemol huet hien dem schlofende Cally de Rang souguer an d’Hand geluecht. Ma wat relativ evident kléngt, ass am Endeffekt ni opgeflunn! A wann dat geschitt wier, wär et och net schlëmm gewiescht, hie wollt et jo souwisou froen.

Déi Fotoen, déi am Laf vum Mount entstanene sinn huet hien zum Schluss dann och online gestallt an de ganzen Internet war Feier a Flam a wollt natierlech wësse wéi et schlussendlech ausgaangen ass.

E ganze Mount méi spéit, koum dunn endlech d’Foto vun der Koppel, dëst Kéier war d'Cally dann och waakreg an hat de Rang, ganz bewosst, um Fanger. Hat sot natierlech jo, mee dass hien et ee Mount laang probéiert huet, wousst hat eréischt Wochen nodeems hat de Rang schonn hat.