An hei?!Gummibiere gi sortéiert an eenzel verkaf

Eng gutt Noriicht fir all déi Leit, déi just déi gréng, just déi rout oder just déi giel Gummibierercher gären hunn!

Leschten Update: 06.09.2019, 11:02:44

© Pexels

Et ass ëmmer dat selwecht, eng Tut mat Gummibiere gëtt opgemaach a jidderee seet „ech wëll keng giel“, „ech wëll keng wäiss“ an jo et ginn och (On)Mënschen déi soen: „Ech wëll keng rout“. Tut ass quasi eidel, mee e puer bleiwen da iwwereg, nämlech déi, déi kee wëll.


Mee d’Firma aus Bonn gëtt eis, zumindest fir eng kuerz Zäit, eng wonnerbar Léisung, déi ville vun eis d'Schneeken erliichtere wäert! Déi bekanntste Gummibieren, ginn nämlech an Zukunft no Faarwen, a soumat Goût, sortéiert an an eenzel Tute verpak.

Wei och an der gemëschter Tut wäerten et ginn:

-Äerdbier

-Hambier

-Zitroun

-Orange

-Apel

-Ananas

 

Ob dëse Changement an der Gamme un de Gesamtzuele vum Ëmsaz läit ass net kloer, mee de Cliente soll dat egal sinn, déi freeë sech einfach drop vun elo u just nach d'Liiblings-Gummibieren naschelen ze kënnen.