An hei?!Kanner verdeelen Zitrounen u Leit déi ze séier fueren

Bei enger Aktioun am Ëmkrees Düren an Däitschland hu Kanner Zitrounen u Leit verdeelt, déi ze séier mam Auto ënnerwee waren.

Leschten Update: 07.09.2019, 14:21:15

© rawpixel.com

Eigentlech dierf ee virun der däitscher Spillschoul "Tummelkiste" just 30 fueren. 

Well sech dorun awer nach laang net jidderee gehalen huet, hunn d'Kanner mat der Ënnerstëtzung vun der Police agegraff. 

Jiddereen, deen sech un d'Vitesslimitatioun gehalen huet, krut Schockela, déi aner hunn sech misse mat enger Zitroun zefridde ginn.

D'Aktioun koum gutt un, a géif besser verënnerlecht ginn wéi ee Protokoll, esou ee Beamten. 

D'Chauffeuren hunn hiert Verhalen agesinn, an de Kanner versprach, vun elo un méi lues ze fueren.