An hei?!Falsch Hymn beim Fussballmatch Frankräich-Albanien

Andorra, Armenien oder Albanien? Am Stade de France zu Paräis hunn d’Organisateuren an de Speaker sech direkt zweemol blaméiert…

Leschten Update: 08.09.2019, 10:41:27

© Pixabay

Den Ufank vum Fussballmatch Frankräich-Albanien ass e Samschdeg den Owend alles anescht wéi gutt gelaf. Den éischte peinleche Feeler  ass den Organisateure geschitt wéi si d’Nationalhymn vun Andorra gespillt hunn. Nodeems si sech entschëllegt hunn an déi richteg Hymn gespillt gouf, koum schonn déi nächste Blamage. De Speaker huet de Géigner vun de Fransousen als „Armenier“ bezeechent. An der Halbzeit huet dësen sech dann nach eng Kéier missen entschëllegen...