An hei?!Éisträichesche Futtballstadion gëtt a Bësch ëmgewandelt

Do gesäit een de Stadion viru lauter Beem net méi.

Leschten Update: 10.09.2019, 11:26:44

© Screenshot Youtube

1970 huet den Éisträicher Klaus Littmann ee Konschtwierk mam Numm „The Unending Attraction of Nature“ vum Max Peintner gesinn. Op dësem Bild gesäit een e faarwege Bësch an engem Stadion, an nëmmen Industrie an Haiser ronderëm dëse Stadion. Eng duergestallten Dystopie also. 

Dëst Bild gouf un en Amerikaner verkaaft an net un den Här Littmann, sou dass hien op d'Iddi komm ass, dëse Projet selwer ëmzesetzen.

Elo, bal 4 Joerzéngte méi spéit, gëtt dëst Bild an Wierklechkeet ëmgesat.

Am Wörthersee-Futtballstadion zu Klagenfurt an Éisträich, sti fir déi nächst 7 Wochen 299 Beem. Ee grousse Bësch ass also entstanen, deen ausgesäit ewéi um Konschtwierk vum Max Peintner. Dëse Bësch kann ee kucke goen, quasi ewéi een Déieren an een Zoo kucke goe kann.

D'Beem kommen all aus enger Gäertnerei a ginn no der Konschtaktioun ronderëm de Stadium ëmgesiddelt. Et goufen nëmme regional Beem erausgesicht, fir net an d'Natur ze fuschen.

De Klaus Littmann well mat dësem Projet op d’Natur an de Klimawandel opmierksam maachen an erëm eng Verbindung tëscht Mënsch a Natur opbauen.