An hei?!Mat 83 Joer Tinder onsécher maachen

D'Tinder-Boma Hattie ass nach laang net fäerdeg mam Daten!

Leschten Update: 13.09.2019, 15:00:47

© Twitter Screenshot

Sexualitéit am Alter, dat ass fir vill Leit en Tabu-Thema. Net esou beim Hattie Retroage. Déi zweefach Mamm a Boma aus New York huet Loscht ze flirten (an och gäre bësse méi) an notzt dofir d'Dating-App Tinder. An domat huet déi 83-järeg Fra Erfolleg, virun allem bei jonke Männer schéngt d'Seniorin ze punkten.

An hirer Tinder-Biografie steet: "Hattie, 83, faszinéierend eeler Schéinheet. Ech sichen e Frënd/Lover fir e gemeinsamt Liewe volle Aventuren a Passioun". Datt si virun allem op méi jonk Männer steht, doraus mécht d'Hattie kee Geheimnis. Am Ufank wollt d'Tinder-Boma zwar eng eescht Bezéiung, ma si huet séier erausfonnt, datt Tinder villäicht net déi richteg Plattform dofir ass. Dowéinst huet d'Hattie seng Strategie geännert a sicht elo no zwanglosen Dates fir spannend Nuechten.


An déi Strategie kënnt un: Knapp 50 Dates hat d'Fra bannent deenen 8 Méint, wärend där si d'App benotzt huet. Hiert jéngsten Tinder-Date war grad mol 19 Joer all, ma aktuell ass si mat engem 33 Joer ale Mann um flirten, deen domat ëmmerhi genee 50 Joer méi jonk ass wéi si.

View this post on Instagram

Living my life like it’s Golden! #hattieretroage

A post shared by Hattitudes (@hattitudes1) on