An hei?!Batman begleet gemobbte Meedchen an d'Schoul

Den donkele Ritter héchstperséinlech huet en 3 Joer alt Meedchen an de Precoce bruecht, nodeems seng Mamm hien ëm Hëllef gefrot hat.

Leschten Update: 11.09.2019, 16:33:52

© Twitter Screenshot

D'Lydia Calculli ass 3 Joer al a geet nach net laang an de Precoce. Ma an där kuerzer Zäit huet et schonn allerlee misse matmaachen: D'Meedchen ass dacks mat bloe Flecken heemkomm, huet vill misse kräischen an ass och mol vun enger Sekonn op déi aner an enger Roserei verfall, wat ganz ontypesch fir hatt war. Wéi et du mat engem bloen An heemkomm ass, huet et senger Mamm gezielt, dass et vun e puer "Klassekomeroden" geschloen a gemobbt gëtt. Doropshin huet d'Mamm sech natierlech bei der Schoul beklot, war awer onzefridden domat wéi déi d'Situatioun gereegelt hunn.



Wie kann do nach hëllefen? Natierlech just e Superheld: Fir genee ze sinn de Batman! Oder op alle Fall de lokalen Double dovun: Den Jack Asbury III beschützt, senger eegener Facebook-Säit no, seng Heemechtsstad Spring Hill, a besicht donieft och nach Kanner, déi krank sinn oder hie soss iergendwéi brauchen.

Ma a genee déi Kategorie fält och d'Lydia an esou ass den "Batman" mat dem klenge Meedchen an d'Schoul gaangen, huet et bis an d'Klass begleet an deenen anere Kanner gewisen, datt hien e Frënd vum Lydia ass an hatt och beschütze wäert. An dat huet Androck hannerlooss, souwuel an de Medien an de User vu sozialen Netzwierker, wéi och bei de Kanner selwer. D'Mama vum Lydia huet hir Follower um neiste Stand gehalen a verroden, datt no der Aktioun e Jong bei d'Lydia komm wier, et un d'Hand geholl hätt a mat em zesummen an d'Klass gaangen ass.




Alt mol erëm bewisen: De Batman ass eng Legend...