An hei?!Noutlandung wéinst engem ongeschéckte Pilot

Am englesche seet een „Don’t cry over spilled milk“, also kréich net iwwer verschotte Mëllech. Ganz heiansdo, däerf een dat dann awer.

Leschten Update: 23.09.2019, 14:09:04

© Pexels

Wei elo bekannt gouf, huet schonn am Februar, ee Fliger, dee vu Frankfurt op Cancun a Mexico ënnerwee war, am Süde vun Irland missen noutlanden. Dëst well de Pilot säi Kaffi iwwert den Tableau de Bord am Cockpit verschott hat. D’Maschinne si waarm gelaf a staarken Damp hat sech entwéckelt.

Glécklecherweis ass kengem vun den 11 Crewmemberen an och kengem vun den 326 Passagéier eppes geschitt.

Dëse Kaffi dierft d’Fligergrupp wuel deier gi sinn. Eng Noutlandung kascht, jee no Fluchhafen a Gréisst vum Fliger, tëscht 10.000 a 85.000 Euro.