An hei?!Plakeg iwwert de Buedem um Oktoberfest

Opgepasst Rutschgefor op de Wiesn...

Leschten Update: 02.10.2019, 16:29:53

© Twitter Screenshot / Polizei_KL

Wien op d'Oktoberfest geet, deen huet sech un den Dress-Code ze halen: Lederhosen an Dirndl versteet sech! Ma ab engem gewësse Peegel ass och dat kee Muss méi, wéi e Video am Netz weist.

Hei gesäit een e blonde Mann plakeg iwwert de Buedem duerch en Zelt um Oktoberfest rutschen. Ronderëm hien ameséiert Leit an Truecht, just hien hat wuel genuch vum Dress-Code a wollt mol kucke wéi rutscheg et um gréisste Volleksfest an Däitschland ass. Resultat: Jo iwwert den hëlzenen an zu deem Zäitpunkt naasse Buedem kann een och komplett ouni Kleeder rutschen a wie wonnert et: d'Leit ameséiert de Spektakel.

De kuerze Video ass séier op de sozialen Netzwierker opgedaucht an huet sech séier verbreet. Do kann ee just hoffen den Onbekannten huet sech keng Spläiteren zougezunn, dat kéint op där Plaz nämlech nach méi onangenehm si wéi den Internet-Fame...oder och de Kappwéi um Moien.