An hei?!Drogeschmuggler rette Polizisten, déi si verfollegen

Bei enger Verfolgungsjuegd um Mier hunn Drogeschmuggler hir Verfolleger aus dem Waasser gerett. Bestrooft goufe si trotzdeem.

Leschten Update: 05.10.2019, 07:39:58

© TeeFarm / Pixabay

Virun der spuenescher Küst koum et e Freideg de Moien zu enger Verfolgungsjuegd. D'Boot vun der Police ass dobäi mam Boot vun de presuméierten Drogeschmuggler kollidéiert, dräi Poliziste sinn an d'Waasser gefall.

Iwwer dem Accident ass e Policehelikopter geflunn, deen iwwer Megafon d'Schmuggler dozou opgefuerdert huet, de Beamten ze hëllefen. Dësem Opruff sinn d'Schmuggler nogaangen.

Dëse Gest huet hinnen awer net wierklech weidergehollef. Si goufe wéinst Drogeschmuggel inhaftéiert, nodeems d'Police an der Géigend vum Boot 3 Tonnen Haschisch aus dem Waasser gefëscht huet.