An hei?!Den "Mr. Kopfnuss" muss an d'Ausniichterungszell

Op de Wiesn muss een de Police-Alldag wuel mat Humor huelen...

Leschten Update: 07.10.2019, 11:50:24

© Unsplash

D'Oktoberfest ass fir vill Leit e grousse Spaass, ma fir Léit, déi do schaffen ass et virun allem ustrengend. Grad Polizisten a Sanitäter kréien do net ëmmer déi schéinsten, oder cleversten, Säite vun der Mënschheet ze gesinn. Ma wat mécht ee wann een et mol erëm mat engem ganz besonnesch schlauen Alkoholiséierten ze dinn huet? - Der Police vu München no muss een et och einfach mol mat Humor huelen, sou ze gesi beim Fall vum "Mr. Kopfnuss".


Den Tweet ass séier ronderëm gaangen an d'Leit hunn d'Beamte fir hiren Humor gefeiert, an och gären nach hiren eegene Pefferkär dobäi ginn. Anerer hu sech awer Suerge gemaach...ëm de Luuchtepotto versteet sech.