An hei?!Elon Musk wëll, datt Autoe sech wéi Päerd unhéieren

D'Fuerz- a Geessegeräischer sollen awer och zu den Angeboter fir nei Teslae gehéieren.

Leschten Update: 09.10.2019, 12:21:40

© Unsplash

Den Entrepreneur an Investor Elon Musk huet op Twitter mol nees eng grandios Iddi annoncéiert: D'Tesla Gefierer sollen an Zukunft mat verännerbare Fuer- an Tut-Geräischer equipéiert sinn. De CEO huet och direkt Virschléi wéi sech dës unhéiere sollen: Ënnert Anerem misst natierlech d'Klappere vu Kokosnëss, déi Päerdsgalopp nomaachen, mat ënnert den Optioune sinn. Ganz am Stil vum Monty Python-Film "Ritter der Kokosnuss".



Net feelen dierfen natierlech och klassesch Auto-Sounds wéi Geessen, déi "meckeren" a Fuerzgeräischer.

 

Ma och wann déi lescht 2 Optiounen net ganz eescht ze huele sinn, ass d'Päerdsgetrappel guer net esou onwahrscheinlech. Ëmmerhin hat en Tesla-Besëtzer scho mol e Monty-Python-Feature no engem Update vu sengem Auto entdeckt. Wéi eng Sounds dann elo wierklech dobäi komme bleift ofzewaarden, e Changement wäert et vun 2020 un awer sécherlech ginn. Dem Musk seng Iddi kënnt nämlech net vun ongeféier: Vum nächste Joer u mussen Elektroautoen an den USA bei enger Vitesse vun bis zu 30km/h ze héiere sinn. Amplaz vun der ufanks esou gefeierten Innovatioun ouni Geräischer ze fueren, mussen d'Gefierer elo deemno mat kënschtleche Sounds equipéiert sinn, datt ee se als Foussgänger och wouerhëlt.

Wahrscheinlech gouf hei wuel éischter u klassesch Motorgeräischer geduecht mee fir bëssen Opmonterung am Stau géifen esou Sounds bestëmmt och suergen.