An hei?!Professer erlaabt fuddelen op der Uni

Hei ass ofschreiwen erlaabt!

Leschten Update: 10.10.2019, 11:56:06

© Unsplash

Normalerweis kritt een, wann ee beim Fuddelen erwëscht gëtt eng Datz an nach eng anstänneg Priedegt vum Proff a vun den Elteren. Ma zu Dresden op der Technescher Universitéit ass ofschreiwen erlaabt, allerdéngs just wann ee beim Professer Gerald Gerlach am Cours fir Festkörperelektronik sëtzt.

"Faul sinn duerch Fläiss", dat war schonn ëmmer säi Motto an hie selwer huet deemols an de Prüfungen schonn ëmmer op "Spickziedel" gesat huet. A genee dowéinst wëll hie senge Studenten entgéint kommen an erlaabt hinnen zanter 20 Joer schonn, A4 grouss Blieder mat a schrëftlech Prüfungen ze huelen, déi si esou beschrëfte kënne wéi si et fir néideg halen a vun deene se dann am Examen dierfen ofschreiwen.



Allerdéngs muss dëst ausdrécklech erlaabt sinn, wann d'Prüfungsuerdnung dëst ënnerseet da gëllt natierlech all Versuch ze fuddelen als Bedruch an d'Prüfung ass deemno ongëlteg!