An hei?!Mann lieft 18 Joer laang mat Marihuana an der Nues

Virun 18 Joer an d'Nues gestach an elo endlech erausgeholl: een Australier hat ee Ballon mat Marihuana ganz vergiess bis hie bei den Dokter gaangen ass.

Leschten Update: 02.11.2019, 09:22:57

© pexels.com

Virun 18 Joer hat sech een 30-järegen australesche Prisonéier e Ballon dee mat Marihuana gefëllt war an d’Nues gestach. Dëst fir en virun de Surveillanten ze verstoppen. Et hat geklappt well keen hat eppes geaant.

Mee wéi de Mann probéiert hat säi Ballon aus der Nues erauszehuelen hat hien en nach méi wäit eragedréckt. Dobäi hat hien och nach geduecht dass hien dat Ganzt ofgeschléckt hat.

Onrecht hat hien awer: bei enger Computertopografie am Spidol huet sech nämlech erausgestallt dass d’Marihuana nach ëmmer an der Nues festsouz. De 48-järegen hat nämlech immens vill Kapp wéi.

Et freet een sech awer wéi hien dat net spiere konnt...