An hei?!Scheedung an 10-Cent-Mënze bezuelt

De Mann huet se bedrunn, si muss bezuelen - wéi si dat mécht, dat stoung awer net do!

Leschten Update: 05.11.2019, 10:48:02

© Pexels

D'Brandi Lee huet viru kuerzem erausfonnt, datt hire Mann hir friemgaangen ass. Dat och nach mat enger Fra, déi si kennt, eng Fra, déi souguer op der Hochzäit vun der Koppel war. A genee dës Entdeckung huet déi zwee dunn zu enger Scheedung beweegt. Well et an hirer Heemechtsstad awer keng Reegelung gëtt wann ee Partner, deem anere friemgeet, hu si déi gemeinsam Verméigenswäerter missen deelen. Ganzer 7500 Dollar huet d'Fra also misse bezuelen, un dee Mann, dee si bedrunn huet. Ma wat net do steet ass wéi si dës Zomm muss iwwerreechen an esou huet si sech eppes besonnesch Fieses afale gelooss.

D'Brandi huet sech un d'Bank gewannt an déi skurril Geschicht erzielt, zesumme mat den Aarbechter ass de Plang Realitéit ginn an d'Fra huet d'Sue cash bezuelt, allerdéngs just an 10-Cent-Mënzen. Dat Bescht dorun: Si huet d'Suen net uerdentlech gerullt, d'Bank acceptéiert dës awer just esou. Elo huet de Mann also d'Aufgab déi 10-Cent-Mënzen schéin uerdentlech a kleng Päckelcher ze sortéieren a bei d'Bank ze bréngen.


Kommunikatioun a Konfliktléisung ass Alles, mee ganz heiansdo deet e bëssen "Schadenfreude" och gutt...