An hei?!Teenager scheitert un Old-School-Telefon

A wéi een en Telefonsbuch benotzt weess ee mat 17 anscheinend och net méi?!

Leschten Update: 05.11.2019, 17:00:36

© YouTube Screenshot / Ellentube

Viru puer Deeg huet den Internet 50 Joer gefeiert an e Liewen ouni kéint ee sech mëttlerweil och guer net méi virstellen. Oder wie benotzt hautdesdaags nach analog Landkaarten, huet eng Enzyklopedie doheem stoen oder sicht am Telefonsbuch, am Plaz online, no enger Nummer?

D'Ellen DeGeneres, bekannt fir seng witzeg Experimenter, Pranks an Interviewen, wollt beweisen, datt déi Zäiten eriwwer sinn an huet e 17 Joer jonkt Meedchen aus dem Public bei sech virun d'Kamera geruff. Do huet et dunn en Telefonsbuch kritt an en alen Telefon, bei deem een nach um Rad dréine muss fir eng Nummer ze wielen. Elo sollt et also déi gewënschten Nummer fannen an uruffen. Ma och wann d'Meedche motivéiert ugefaangen huet, de Problem huet schonn ugefaange wéi et d'Nummer sollt fannen. Nodeems et einfach net beim richtege Buschtaf gelant ass, huet d'Ellen him schlussendlech d'Buch fort geholl an him d'Telefonsnummer op engem Ziedel presentéiert.


De nächste Schrëtt war allerdéngs net vill méi einfach: Déi al Technik, déi laang Neel vum Teenie an d'Fanger, déi d'Beweegung vum ongewinnte Wielen net gewinnt waren, hunn dofir gesuergt, dass de Public vill Spaass beim Experiment hat. D'Meedchen, och wann et zum Schluss den Dréi méi oder wéineger eraushat, hat manner ze laachen - hatt hat de wichtegsten Detail vergiess: Den Hörer um Ufank opzehiewen ier et mat dréinen ufänkt...


Kuckt iech hei de Video un