An hei?!Am Harry Potter sengem Elterenhaus iwwernuechten

De Bréif fir op Hogwarts kënne mer iech net verspriechen, mee eng Rees op Godric's Hollow ass méiglech!

Leschten Update: 07.11.2019, 11:40:14

© Twitter Screenshot

Wien Harry Potter-Fan ass, dee weess och wat et mat Godric's Hollow op sech huet: Et ass déi Plaz, wou alles ugefaangen huet. An dem fiktive Südwest-engleschen Duerf hunn dem Harry seng Elteren, Lily an James Potter, gewunnt, ier de Lord Voldemort se genee do ëmbruecht huet. Den Harry krut eng Narb, ass zum Auserwielte ginn an de Recht vun der Geschicht ass gewosst.

A genee an deem Haus an deem eng vun de bekanntste Filmgeschichten hire Laf geholl huet kann een elo iwwernuechten. Also net wierklech mee an deem Haus, wat d'Inspiratioun zu dem nogebauten Studio-Haus geliwwert huet. Dëst heescht dann eigentlech "De Vere House" an ass am britesche Lavenham ze fannen. Vun dëser Marketing-Strategie profitéiert och Airbnb, do gëtt et d'Haus dann elo ze lounen, dat fir erschwénglech 128 Euro d'Nuecht.


View this post on Instagram

Around 340 listed buildings in England’s best preserved medieval village. Coachloads of visitors arrive at weekends and photo this house (and selfie themselves here). There’s even a kind of queue on the road. This frontdoor is the second most photographed front door in the country. Really, it’s true (10 Downing Street is only slightly more popular). I know I may be in the minority having never read or watched Harry Potter and maybe that’s why I am surprised. For the truly devoted, this house is for sale, if you have around £1millon it would be yours. Perhaps you could charge for photos and pay off the mortgage. Would you want a famous house? #Godrics Hollow #HarryPotter #Lavenham

A post shared by Carolyn Ellston (@accidental.nomads) on


Déi aktuell Bewunner, d'Jane an den Tony Ranzetta, hu sech decidéiert hiert Doheem esou laang op der Plattform unzebidde bis se d'Haus verkaf kréien. Wien also méi wéi just e puer Nuechten am Harry Potter-Feeling wëll bleiwen, ka sech d'Haus och einfach kafen...fir knapp 1 Millioun Euro.

Bis bei de Fluchhafe London-Stansted sinn et iwwregens 60 Kilometer an och soss wier et einfach mat den ëffentlechen Transportmëttel bis an d'Haaptstad ze kommen. Iwwregens: Fir all déi, déi de Gedanken un d'Elterenhaus, an deem de Voldemort d'Potters ëmbruecht huet, och e bësse grujeleg fannen - en Ausfluch op Lavenham kéint sech fir richteg Fans och ouni Iwwernuechtung lounen, am Duerf sinn nämlech och soss eng ganz Partie Filmzeenen entstanen.