An hei?!Onbekannter hu 40 eidel Béier-Fässer geklaut

Wat déi Onéierlech wuel mat 40 eidel Fässer maachen?

Leschten Update: 07.11.2019, 06:33:55

© Pixabay

Dësen Déifstall zu Herzlake an Niedersachsen geet de Frënn vum Béier wuel ganz no. Onbekannter hunn en Dënschdeg net manner wéi 2.000 Liter Béier geklaut. Sou huet et jiddefalls an der éischter Meldung vun der lokaler Police geheescht. Dës gouf méi spéit revidéiert.

Deemno hunn Onéierlecher an der Enceinte vun enger Gedrénksentreprise 40 Fässer Béier matgoe gelooss. Mee an de Fässer war guer kee Béier, se waren also eidel. D'Fro ass: wie klaut 40 eidel Fässer?

D'Police sicht elo jiddefalls no Zeien...