An hei?!Gaming-Verbuet no 22 Auer

A China dierfe Mannerjäreger an Zukunft just nach zu gewëssen Zäiten zocken...

Leschten Update: 07.11.2019, 09:38:10

A China wëll een d'Spillsucht vun de Jugendleche reduzéieren, dat mat engem 6-Punkten-Plang, esou CNN. Den éischten Deel vun dësem Plang ass dann eng Spärstonn: wochendags solle Mannerjäreger deemno net méi tëscht 22 Auer an 8 Auer moies spillen dierfen. Ausserdeem gëtt et en deegleche Maximum un Zäit, déi een als Jugendlechen duerf op enger Gaming Plattform verbréngen. U Schaffdeeg dierfe Persounen ënner 18 also maximal 1,5 Stonnen zocken, u Weekender a Feierdeeg ëmmerhin 3 Stonnen.

Donieft soll an Zukunft och kontrolléiert gi wéi vill Sue Mannerjäreger fir d'Zocken ausginn. Spiller ënner 16 Joer dierfen net méi wéi 50 chinesesch Yuan (6,50 Euro) fir eenzel In-Game-Keef ausginn an insgesamt dierf ee maximal 200 Yuan (26 Euro) de Mount an dësen Hobby investéieren.

Fir déi nei Reegelen duerchzesetzen, schreift d'Regierung vir, datt ee sech mat dem richtegen Numm registréiere muss, esou dass d'Kontroll iwwerhaapt machbar ass. Wéini dat alles a Kraaft triede soll ass awer nach net kommunizéiert ginn.